Panorama
Panorama
D'Angscht ass grouss, datt bei de Bundestagswahle muer an Däitschland d'AFD drëttstäerkst Kraaft kéint ginn. Dëst läit awer dorunner, datt d'Flüchtlingspolitik ee vun den Haapttheme vum Wahlkampf war.
Eng nei ONG gouf zu Lëtzebuerg gegrënnt. Pour la Paix et Contre la Guerre huet sech d'Zil gesat, sech fir de Fridden anzesetzen.
Bei de Parlamentswahlen an Neiséiland konnten sech déi Konservativ ënnert dem Premier Bill English kloer duerchsetzen.
Nom schlëmmen Äerdbiewe viru véier Deeg koum et zu engem neie Biewen a Mexiko. D'Biewen hat eng Richterskala vu 6,4.
Aacht Deeg virum ëmstriddenen Onofhängegkeetsreferendum a Katalounien a Spuenien huet d'Zentralregierung zu Madrid d'Kontroll vun der Police an der Regioun iwwerholl.
Bei der Vëlos-Weltmeeschterschaft zu Bergan a Norwegen kommen de Lëtzebuerger Misch Leyen an de Ken Conter an d'Top 20.