Panorama
Panorama
London wäert sech och nom Brexit u seng finanziell Verflichtungen an der EU halen, sot déi britesch Premierministesch Theresa May de Mëtteg zu Florenz. Des Weideren huet si eng Iwwergangsphase vun zwee Joer proposéiert
Den Ausseminister Jean Asselborn warnt am 100,7-Interview virun engem méiglechen Austrëtt vun den USA aus dem Iran-Accord. Domat géing een dat falscht Signal a Richtung Nordkorea schécken.
D'CSV kritiséiert d'Schoulpolitik: Den Educatiounsministère ënnert dem Claude Meisch géif ze vill Reformen ëmsetzen an hätt kee richtegt Konzept
Den Impakt vun der digitaler Revolutioun op d'Aarbecht an d'Zukunft vun Europa waren d'Haaptsujete gëschter vun engem Virtrag vum franséischen Ekonomie-Professer Jean Tirole. Hie krut 2014 den Nobelpräis fir Wirtschaft
Déi aktuell Regierung wéilt d'nächst Joer, op Basis vun enger Etude, iwwer d'Landesplanung an d'Mobilitéit diskutéieren, esou de François Bausch de Mëtteg um Oekofestival vum Mouvement Écologique
E jonke Mann vun 18 Joer gouf zu London ugeklot, am Kader vun der Enquête nom Bommenattentat an enger Metro virun enger Woch
De Bilan vun den Doudesaffer op der Karibikinsel Puerto Rico nom Hurrikan Maria ass op 13 geklommen.