CD-Klassik
Raritéiten
Scouting, d'Sich no neien Talenter ass keng Erfindung vun eiser Zäit. Och schonn am 18. Joerhonnert si Komponisten uechter Europa gereest, hu sech Sänger ugelauschtert, déi eventuell interessant fir déi eegen Operenhaiser kéinte sinn. De Carl Heinrich Graun war esou ee Talentscout, deen an Italien Membere fir dat neit Operenhaus zu Berlin rekrutéiert huet. De Graun huet awer net just Sänger matbruecht, mä och musikalesch Iddien, déi HIen a senge ronn 30 Operen ëmgesat huet. Elo gëtt et eng nei Produktioun mat Graun-Arien, déi de Remy Franck presentéiert.