Panorama
Panorama
D'Lëtzebuerger Wort kritt eng nei Chefredaktioun: De Roland Arens iwwerhëlt de Poste vum Chefredakter a kritt mam Marc Schlammes a Claude Feyereisen zwee Adjointen zur Säit gestallt
D'Angela Merkel wëllt mat FDP, déi Gréng an der SPD Koalitiounsgespréicher féieren. D'Sozialiste wëllen awer weiderhin an d'Oppositioun goen
D'Sécurité Routière werft no den déidlechen Accidenter vum Weekend d'Fro op, fir d'Vitesse op der Landstrooss vun 90 op 80 km/h ze limitéieren
D'Situatioun vun der Pensiounskeess wier de Moment gutt, esou d'Chambre des Salariés de Moie virun der Press
De Centre Hospitalier Emile Mayrisch kritt en neien Direkter. Den Dr. Hansjörg Reimer trëtt op den 1. Januar 2018 d'Nofolleg vum Dr. Michel Nathan un, deen dann an d'Pensioun geet
Groussbritannien wëllt d'Fro vun der Rechnung, déi London nach bezuele muss, un d'Diskussiounen iwwert déi zukünfteg Handelsrelatioune mat der EU koppelen, sot de britesche Brexit-Minister David Davis
A Japan gëtt nei gewielt. De japanesche Premierminister Shinzo Abe huet haut annoncéiert, datt hien en Donneschdeg d'Ennerhaus vum Parlament wëll opléisen an esou de Wee fräimécht fir Neiwahlen.