Klassik aktuell
Traditioun nei belieft
Een Instrument, dat et schonn iwwer 200 Joer virun eiser Zäitrechnung gouf an engem symphonesche Programm - dat ass net grad alldeeglech. De Christph König, Dirigent vun de Solistes Européens, Luxembourg a bekannt fir aussergewéinlech Iddien, hat fir d'Ouverture vun der neier Saison Musek fir Guzheng, een traditionellt chinesescht Instrument, programméiert. Solistin am Concert war d'Yuan Li. Si huet dem Manuel Ribeiro virum Concert d'Instrument virgestallt.