Panorama
Panorama
De franséische President Emmanuel Macron huet haut seng Reform-Propose fir d'EU presentéiert, ënnert anerem sollt eng gemeinsam Defense geschaaft ginn
De Luxair-Grupp rechent domat, datt an den nächsten zwee bis dräi Joer d'Zuel vun de Passagéier um Findel op fënnef Milliounen d'Joer klëmmt
D'Enseignantsgewerkschaft SNE-CGFP seet sech skeptesch, wat de "Schoulentwécklungsplang" betrëfft, deen Enn d'lescht Joer an de Grondschoulen agefouert gouf
De Lëtzebuerger Filmfong huet zejoert 32 Projete mat am Ganze 36 Milliounen Euro ënnerstëtzt
D'Parteipresidentin vun der AfD, Frauke Petry, huet hire Récktrëtt aus hirer Partei ugekënnegt
De Gilles Muller huet wéinst enger Blessur um Ielebou decidéiert, dës Saison keen Tennis-Tournoi méi ze spillen
Nom Fipronil-Skandal hunn d'Memberlänner vun der EU haut decidéiert, fir an Zukunft bei esou Fäll méi enk zesummenzeschaffen an d'Bierger méi séier iwwer geféierlech Liewensmëttel z'informéieren.