CD-Klassik
Edinburgh 1742
1728 grënnt sech zu Ediburgh eng Musical Society, déi sech deels aus arrivéierten Amateurmuseker zesummegesat huet. De But vun dëser nobeler Gesellschaft war et, prominent Komponisten an déi schottesch Stad ze lackelen an eemol an der Woch ee Concert z'organiséieren. Esou koum et, datt eng Rëtsch Wierker vum G. F. Händel, deen zu London residéiert huet, och a Schottland gespillt goufen. E Komponist, dee vill fir d'Edinburgh Musical Society geschriwwen huet, war den Italiener Francesco Barsanti. Den Ensemble Marsyas huet elo Wierker vu béide Komponisten aus där Zäit op CD opgeholl.