Och wann de Glyphosat net méi um Marché wier, misst een oppassen, datt net aner geféierlech Produiten op de Marché kommen, esou de Landwirtschaftsminister.
Kuerz virum Onofhängegkeetsreferendum a Katalounien verschäerft sech d'Situatioun ëmmer méi
D'USA stinn a Kontakt mat Nordkorea fir d'Verhandlungen iwwert den Atom- a Rakéiteprogramm vu Pjöngjang erëm opzehuelen.
Den Iran plangt mam Irak zesummen e Militärmanöver un de westleche Grenzen zu der nordirakescher Kurderegioun.
Ronn 100.000 Cliente vun der insolventer Fluchgesellschaft Air Berlin wäerten, wéi et schéngt, kee Remboursement oder nëmmen e klenge Montant fir hir annuléiert Laangstreckeflich kréien.
An an der Formel 1 fiert de Mercedes-Pilot Lewis Hamilton beim Grousse Präis vu Malaysia vun der Pole Position fort.