CD-Klassik
Mahler reloaded
Zënter de Lucchino Visconti Musek aus der 5. Symphonie vum Gustav Mahler a sengem Film "Der Tod in Venedig" agesat huet, gehéiert dëst Wierk zu deene populäerste Mahler-Symphonien - virun allem wéinst dem luese Saz, dem Adagietto. Een unerkannte Mahler-Interpret ass den Dirigent Mariss Jansons. Hien huet déi 5. Symphonie elo mam Symphonieorchester vum Bayresche Rundfunk opgeholl. Eng Opnam, déi de Remy Franck presentéiert.