58 Doudeger a méi wéi 500 Blesséierter, dat ass de leschte Bilan vun der Schéisserei zu Las Vegas, d'Terrormiliz Islamesche Staat huet d'Dot fir sech revendiquéiert
Nom Referendum a Katalounien wëllt d'Regioun sech op d'Ofspléckung vu Spuenien preparéieren, d'EU wëllt allerdéngs an där Saach net als Mediateur optrieden
D'Zuel u Studentebourssen a Studenteprêten ass zejoert liicht geklommen. De Käschtepunkt vun de Boursse louch fir de Staat 2016 bei ronn 110 Milliounen Euro
An Zukunft soll de Staat d'Entreprisë finanziell ënnerstëtze, fir si op d'Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung virzebereeden
Den Nobelpräis fir Medezin geet un dräi amerikanesch Fuerscher, fir hir Entdeckungen iwwert de Fonctionnement vun der biologescher Auer beim Mënsch
An der Coupe de Luxembourg goufen de Mëtteg d'16. Finalle gezunn