CD-Klassik
Kammermusek am Orchesterformat
Kammermusek ass d'Kinneksdisziplin fir Komponisten. Mat wéineg instrumentale Mëttele soll eng méiglechst intensiv, klangräich Musek entstoen. De Ludwig van Beethoven war ee vun deene ganz grousse Meeschter an deem Genre - grad wéi och an der Symphonie, déi e komplett erneiert huet. Kammermusek vum Beethoven fir groussen Orchester z'adaptéieren ass deemno eng gewoten Entreprise. Elo gëtt et eng nei Produktioun mat Orchesterversioun vu Beethoven-Quartetter, déi de Remy Franck presentéiert.