D'Australierin Suzanne Cotter gëtt déi nei Direktesch vum MUDAM
De Belsch Stéphane Pallage soll neie Recteur vun der Uni Lëtzebuerg ginn
De President vum Fonds du Logement, Claude Wagner, huet demissionéiert
D'LSAP kritiséiert d'CSV: an dëser Legislaturperiod hätt ee méi séier Saache kënnen ëmsetzen, wéi virdrun an der Koalitioun mat der CSV
Liewensmëttel-Sécherheet rifft, wéinst Salmonellen, Zalote vun der Mark SODEBO zréck
D'EU-Parlament huet haut gréng Luucht ginn fir en europäesche Parquet, déi nei Administratioun kritt hire Sëtz zu Lëtzebuerg
Am Konflikt ëm d'Onofhängegkeet vu Katalounien huet dat spuenescht Verfassungsgeriicht déi geplangte Plenière vum katalanesche Parlament verbueden
Wéinst dem Stuermdéif Xavier sinn an Norddäitschland zwou Persounen ëm d'Liewe komm, den Zuch- a Fluchverkéier ass ageschränkt
De Literatur-Nobelpräis geet dëst Joer un de britesch-japanesche Schrëftsteller Kazuo Ishiguro.