Zu London fiert en Auto an e Grupp Leit. D'Police geet net vun engem terroristeschen Hannergrond aus
Fir d'Gemengewahle muer ass de Centre des technologies et information de l'Etat a Betrib, wou d'Resultater zentraliséiert ginn an op Feeler kontrolléiert gëtt.
Zéngdausende Spuenier hu sech haut zu Madrid a Barcelona versammelt, fir an der Katalounien-Fro ze demonstréieren. Entweder soll geschwat ginn oder béid Politiker missten zrécktrieden, heescht et vun den Demonstranten.
De Michael Hickey, ee vun den Topmanager vun der irescher Bëllegfluchgesellschaft Ryanair, huet säi Récktrëtt annoncéiert.
D'Bundesregierung an Däitschland erhofft sech, datt d'EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei kennen evitéiert ginn.
An am Cyclocross zu Miersch gewënnt den Espoir Felix Schreiber bei der Elite.