CD-Klassik
Liewensfreed a Melancholie
12 min
Lusophonesch Musek steet am Mëttelpunkt vum Festival Atlantico dës Woch an der Philharmonie. D'Concertshaus presentéiert déi vill Facettë vun der portugisesch-sproocheger Musek uechter d'Welt, déi ënnerschiddlech Ausdrocksformen, déi si a Länner wéi Portugal, Brasilien oder op de Kapverdianeschen Inselen entwéckelt huet. Zum Thema vun dësem Festival passt och den CD vun der Woch a Resonanzen - "Brazilian Landscapes", een ofwiesslungsräiche Programm, deen d'Flüttistin Michala Petri bei hirem eegene Label Our Recordings erausginn huet.