Vun Déifferdeng krute mir d'Confirmatioun, datt et eng gréng-schwaarz Koalitioun wäert ginn, de Roberto Traversini bleift grénge Buergermeeschter
Zënter leschtem Freideg, 6. Oktober gëtt de 56 Joer ale Marc Flammang vu Wolz vermësst
D'Police sicht no Zeien no engem Accident de Mueren op der A13 op der Héicht vun der Ausfahrt Schëffleng
An Holland steet no siwe Méint eng nei Regierung, de Mark Rutte soll Premier bleiwen, fir eng drëtt Amtszäit
Haut fänkt déi 5. Verhandlungsronn fir de Brexit un
An den Nobelpräis fir Ekonomie geet un den amerikanesche Verhalensökonom Richard H. Thaler.