CD-Klassik
Musek vum Operettemeeschter
15 min
"Der Bettelstudent", "Gasparone", "Die Dubarry" - de Carl Millöcker gehéiert zu deene Grousse vun der gëllener Operetten-Zäit zu Wien an der Mëtt vum 19. Joerhonnert. Keen anere wéi de Franz von Suppé, mat deem hien zesummen an engem Orchester gespillt huet, huet de Millöcker entdeckt a gefërdert. D'Nürnberger Symphoniker hunn elo een ofwiesslungsräichen Disque mat Orchesterstécker vum Millöcker opgeholl. De Remy Franck presentéiert d'CD.