arrow_back_ios
CD-Klassik
Faarwekënschtler
D'Lied ass fir all Sänger déi gréissten Erausfuerderung. Bannent e puer Minutte geet et drëm, eng kuerz Geschicht, dacks e ganzen Drama op de Punkt ze bréngen. Wuert a Musek si grad an dësem Genre ganz sensibel Bausteng, déi hoergenee mussen openeepassen. Do brauch een da scho Kënschtler wéi d'Mezzosopranistin Alice Coote an den Dirigent Marc Albrecht, déi mat enger exzellenter Interpretatioun vu Mahler-Lieder optrompen. Presentéiert vum Remy Franck.