arrow_back_ios
Klassik aktuell
The Cloth
Wa muer den Owend (21.10.) am Escher Conservatoire déi nei Saison mat Concerte vun den Enseignante lancéiert gëtt, da steet och ee Wierk vum Ivan Boumans um Programm. Et ass allerdéngs net déi eenzeg Kéier, wou Musek vum Lëtzebuerger Komponist dëse Weekend ze héieren ass. Iwwermuer Sonndeg (22.10.) ass et an der Kölner Philharmonie d'Kreatioun vun enger neier Kompositioun fir Marimba solo.