CD-Klassik
De Sacha Guitry perfekt a Musek ëmgesat
1931 war zu Paräis d'Première vun der Operette "Moineau", déi op der Dot ee volle Succès war. Komponist ass de Louis Beydts, deen domadder een Zock eng vun de bedeitende Perséinlechkeeten an der Paräisser Musekszeen war. Et koum een Erfolleg nom aneren, deen de Beydts virun allem senger dynamescher Musek a wonnerbaren Orchestratiounen ze verdanken hat. Elo gëtt et eent vum Louis Beydts senge sprëtzege Wierker och op CD : "La Société Anonyme des Messieurs Prudents ", déi de Remy Franck presentéiert.