arrow_back_ios
Klassik aktuell
"La Bohème" zu Saarbrécken
D'Oper "La Bohème" ass eng vun deene meescht gespilltenen Operen iwwerhaapt. Dem Giacomo Puccini säi Wierk ass eng typesch Verismo-Oper, wou et also ëm Liewen, Leiden a Léifte vu ganz gewéinleche Mënsche geet. Am Staatstheater zu Saarbrécken ass muer Samschdeg (21. Oktober 2017) d''Première vun enger neier Produktioun vu "La Bohème". D'Oper bleift bis Enn Mäerz 2018 op der Affiche. De Manuel Ribeiro huet sech mam Intendant vum Staatstheater, dem Bodo Busse, ënnerhalen.