Déi spuenesch Zentralregierung huet der katalanescher Regionalregierung d'Muecht entzunn.
D'CSV hätt um nationalen Niveau an de leschten 30 Joer d'Stad Esch boykottéiert, esou de fréiere gréngen Deputéiert an Escher Schäffe Jean Huss.
Bei der Parlamentswahl an Tschechien läit den ëmstriddene Populist Andrej Babis mat 31,8 Prozent bei den éischten Héichrechnunge vir.
No der Messerattack op Passanten zu München konnt ee Verdächtege festgeholl ginn. Et handelt sech dobäi ëm en 33 Joer ale Mann mat däitscher Nationalitéit.
Am Tennis gewënnt déi däitsch Spillerin d'Carina Witthöft de WTA-Tournoi op der Kockelscheier.
Eng traureg Nouvelle kennt aus der Liichtathletik: De Romain Fiegen ass am Alter vun 62 Joer no laanger Krankheet gestuerwen.