arrow_back_ios
Klassik aktuell
Amadeus - E Mozart-Pasticcio
An engem Pasticcio kann ee flott Melodien aus verschidde Wierker zesummesammelen, fir eng nei Geschicht z'erzielen. An esou huet sech d'Mariette Lentz mat hirer Classe d'Art Lyrique am Conservatoire du Nord e Pasticcio mat Mozart ausgeduecht (26. Oktober 2017 am CAPE Ettelbréck). En Owend net nëmme fir Mozart-Liibhaber, mä och fir déi, déi Klassik entdecke wëllen. De Manuel Ribeiro huet sech mat der Mariette Lentz ënnerhalen.