arrow_back_ios
CD-Klassik
Musek fir Flütt vum Carl Reinecke
Zënter dem Joer 2000 ass Tatjana Ruhland Solo-Flüttistin vum SWR-Symphonieorchester. Dernieft mécht Musekerin och eng brillant solistesch Carrière a produzéiert regelméisseg nei CDen. Bei Orchesterstécker mécht si dat am léifsten mat hirem Orchester. Och hir neist Produktioun mat Wierker vum Carl Reinecke ass eng Zesummenaarbecht mam SWR-Symphonieorchester.