arrow_back_ios
Klassik aktuell
Blomstedt a Welser-Möst
Mam Herbert Blomstedt a Franz Welser-Möst stinn an engem Zäitraum vun zwee Deeg zwee grouss Dirigenten op der Bühn vun der Philharmonie. Den 90-järegen Herbert Blomstedt dirigéiert de Gewandhausorchester de 26. Oktober mam Ludwig van Beethoven sengem Tripelkonzert an dem Franz Schubert senger grousser Do-Majeur-Symphonie. De Franz Welser-Möst proposéiert den Dag drop dem Igor Stravinsky säin "Sacre du printemps" mam Cleveland Orchestra. De Luc Boentges huet sech iwwer dës zwee Dirigenten informéiert.