arrow_back_ios
Klassik aktuell
Ee briteschen Touch
1992 huet de Gerry Welter deen éischten Allerséile-Concert mam Méchelskouer dirigéiert. De But war et, déi sëlleche Literatur ronderëm dat Fest konzertant mat Chouer, Solisten an Orchester opzeféieren. 25 Joer méi spéit huet sech näischt un dësem Konzept geännert. Fir en nächste Mëttwoch sti sakral Wierker vum Henry Purcell a vum Joseph Haydn um Programm.