arrow_back_ios
Klassik aktuell
Musik als Lebenschance
Dëse Samschdeg (28.10.2017) ass am Trifolion zu Iechternach e Concert mam Jugend-Sinfonie-Orchester vum Conservatoire du Nord zesumme mat 10 Schüler aus der "Escuela Popular de Artes" aus dem Chile. Dës Schoul gouf opgebaut, fir Kanner aus aarme Verhältnesser eng Alternativ zu der Strooss ze bidden. De Luc Boentges war op Iechternach an den Trifolion an huet mat den Organisateure vun dësem kulturellen Austausch geschwat.