arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng universell Musek
Wann den Ton Koopman den Owend zu Berlin an der Philharmonie dem J.S. Bach seng H-Moll-Mass dirigéiert, dann ass dat net einfach nëmmen eng vu villen Opféierunge vun dësem Meeschterwierk. Mat dësem Concert ass aktéiert, datt den Autograph vun der Mass an der Lëscht vun den UNESCO-Weltdokumenter steet. Virum Concert gëtt an der Berliner Staatsbibliothéik, déi dat wäertvoll Manuskript versuergt, dat offiziellt Dokument iwwerreecht. Virun zwee Joer hat d'Unesco d'H-Moll-Mass als Weltkulturierwen deklaréiert.