CD-Klassik
Klarinettemusek aus dem 20. Joerhonnert
De Paul Hindemith huet quasi fir all Instrument geschriwwen : vun der Gei iwwert de Piano bis bei den Tuba. Ee besonnesche Faibel hat de Komponist allerdéngs fir d'Klarinett, dat en an alle Genrë bedéngt huet. Elo gëtt et en duebelen Album mam Hindemith senger Kammermusek fir d'Klarinett, deen déi zwou Facettë vum Komponist weist : de Klangerneierer Hindemith, an den Hindemith, deen op déi klassesch Wuerzelen zeréckkuckt.