De spuenesche Regierungschef Carles Puigdemont rifft déi katalanesch Bierger op fir friddlech géint d'Mesure vu Madrid virzegoen.
Zu Mogadischu am Somalia ass eng Autosbomm an d'Luucht gaangen.
Zu Taipeh am Taiwan sinn haut iwwer 110.000 Mënschen op d'Strooss gaangen, wou fir d'Rechter fir Homosexuell Leit demonstréiert gëtt, heescht et vum Organisateur vun der Manifestatioun.
D'Wafferou gëtt am Nordirak agehalen an d'Gewalt wier zréckgaangen, esou e Spriecher vun der irakescher Arméi.
Dëse Weekend gëtt d'Auer vu Summer- op Wanterzäit ëmgestallt.
An der däitscher Bundesliga verléiert Borussia Dortmund iwwerraschend mat 2-4 géint Hannover.