arrow_back_ios
Klassik aktuell
Elektroakustesch a visuell Musek
D'Musique electro-acoustique huet hir Originnen an der Musique concrète, déi de Pierre Schaeffer a Frankräich 1948 konzeptualiséiert hat. Mee zu Köln geschitt am Joer 1950 och Villes, an déi elektronesch Musek mécht hei hir éischt Schrëtt, mam Komponist Herbert Eimert an dem Physiker Werner Meyer-Eppler. Schëtzeg wäerte Leit wéi de Karlheinz Stockhausen oder de Pierre Henry sech dofir interesséieren an di éischt Kompositiounen an dësem Genre schreiwen.