arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Maladie - Expression - Transformation"
D'GML, d'Gesellschaft fir Musekstherapie zu Lëtzebuerg, hat d'Astrid Lorz-Zitzmann fir eng Konferenz agelueden: "Maladie - Expression - Transformation". D'Roll vun de musekstherapeutesche Méiglechkeete fir d'Verschaffe vu schwéieren Erkrankunge bei Kanner, Jugendlechen an hire Famille stoung am Mëttelpunkt. De Manuel Ribeiro huet sech mat der Museks- a Psychotherapeutin getraff, fir iwwert déi verschidden Aspekter vun der Musekstherapie ze schwätzen.