CD-Klassik
Klassiker fir den Cello
De Joseph Haydn a seng Concerti fir den Cello, dat ass eng zimlech verwurrelt Geschicht. Et fänkt domadder un, datt bis haut net richteg gewosst ass, wéivill där Wierker den Haydn geschriwwen huet. Eng aner Fro, déi d'Wëssenschaft vill beschäftegt huet, ass déi, ob déi bekannte Wierker och all vum Haydn sinn an net vu sengem Cellist um Schlass Esterhazy, dem Anton Kraft. D'Resultat vun der Enquête: vum Joseph Haydn gëtt et zwee authentifizéiert Concerti, a bei kengem vu béiden hat den Anton Kraft d'Fangeren am Spill. Elo huet d'Cellistin Xenia Jankovic déi zwee Wierker an enger Fassung mat Sträichorchester opgeholl. De Remy Franck presentéiert d'Opnam.