arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng musikalesch Entdeckungsrees
Zugaben um Enn vun engem Concert sinn net nëmme Bonbone fir de Public, dacks si se och eng gutt Geleeënheet, nei Wierker z'entdecken. De Pianist Romain Nosbaum huet elo eng ganz Rëtsch där kuerz Stécker opgeholl. Et ass net nëmmen ee kohärente Programm, deen de Museker zesummegestallt huet, mä och eng spannend Entdeckungsrees an d'Musek vum 20. an 21. Joerhonnert.