Panorama
Panorama
Eng Erneierung vun der Zouloossung vu Glyphosat an der Europäescher Unioun ass illegal, dat geet aus engem juristeschen Avis ervir, deen de Lëtzebuerger Europa-Deputéierte Claude Turmes an Optrag ginn huet
D'CSV zitt e positive Bilan vun de Gemengewahlen, a méi wéi der Halschent vun de Proporzgemengen hätt ee Stëmme gewonnen
Et géifen op déi wahrscheinlech Koalitioun aus der DP an der CSV an der Stad vill schwéier Aufgaben duer kommen. Dat sot d'Sektioun Stad vun déi gréng haut virun der Press
Lëtzebuerg wier scho laang kee Steierparadäis méi, sou de Pierre Gramegna op d'Fro vu Journalisten am Kader vun der Paradise Papers-Affär
Offall vermeiden, futtis Objete flécken, weider verwäerten a recycléieren: Dat ass d'Konzept vum neien Offall-Wirtschafts-Plang, deen den Ëmweltministère de Mëtteg virun der Press virgestallt huet
Fir de geplangten Online-Magazin "Reporter" am Mäerz 2018 kënnen ze lancéieren, ass, nieft Eegemëttel, e Startkapital vun 150.000 Euro néideg: dat hunn d'Grënner vum Projet haut ugekënnegt
Haut goufen d'Gewënner vun den zwee renomméiertste Literaturpräisser a Frankräich, dem Prix Goncourt an dem Prix Renaudot annoncéiert
Den Auteur vun der Schéisserei am Texas huet aus familiäre Grënn gehandelt. Dat huet ee Responsabele vun de Sécherheetsautoritéiten am Texas den Owend wësse gedoen.