Panorama
Panorama
Iwwert zwee Joer wëllt de Gesondheetsministère an engem Pilotprojet déi therapeutesch Notzung vu medezineschem Cannabis testen
Den OGBL reprochéiert der Regierung am Budgetsprojet 2018 e Manktem un Ambitioun, wat d'Sozialpolitik ugeet
Weider kritiséiert den OGBL, datt verschidde Fleegeheemer sech net un de Kollektivvertrag géifen halen, deen den 1. Juli a Kraaft getrueden ass
Bei der Reform vun de Rettungsservicer bleift de Staatsrot bei enger Rei vu formellen Oppositiounen a Kritiken
No de Revelatioune vun de "Paradise Papers" hunn d'EU-Finanzministeren haut zu Bréissel ënner anerem iwwert eng schwaarz Lëscht vu Steier-Oasen diskutéiert
D'NATO wëllt nees méi Zaldoten an den Afghanistan schécken, dat virum Hannergrond vun der Ausbreedung vum IS an de radikalislameschen Taliban
D'Police vun Tréier huet während engem hallwe Joer sougenannt Taser an engem Pilotprojet getest an zitt an engem Tëscherapport ee positive Bilan.