Panorama
Panorama
Lëtzebuerg wëllt géint eng Nei-Autorisatioun vum Herbizid Glyphosat fir fënnef Joer stëmmen, sot eis haut de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen
D'Reform vun de Rettungsservicer soll nach virun de Chamberwahlen am Oktober d'nächst Joer a Kraaft trieden, seet den Inneminister Dan Kersch
De Recours géint d'Wahlresultat an der Gemeng Leideleng ass irrecevabel. Dat huet d'Verwaltungsgeriicht haut decidéiert
Déi nächst Indextranche kéint am Summer d'nächst Joer erfalen, huet de Statec haut matgedeelt. Dëst am drëtten Trimester, tëscht Juli a September 2018
Gespréich mam 100,7 Reporter Wolfgang Bender an der Eifel iwwert de Standuert vun Tesla an der klenger Stiedche Prüm, dee vun de grousse Verloschter vum Betrib gréisstendeels verschount bliwwen ass
Dat spuenescht Verfassungsgeriicht huet d'Onofhängegkeetsdeclaratioun vu Katalounien annuléiert
Dat däitsch Verfassungsgeriicht wëllt, datt een drëtt Geschlecht am Gebuerteregëster agefouert gëtt
Dat franséischt Parlament huet haut, am Optrag vun der Justiz, déi parlamentaresch Immunitéit vun der Marine Le Pen opgehuewen
Ëm Hallefnuecht gëtt den Diesel nees zwee an en hallwe Cent méi deier a kascht dann een Euro a véier Cent de Liter.