arrow_back_ios
Klassik aktuell
Nei Talenter entdecken a fërderen
127 jonk Solisten aus 15 Länner presentéiere sech iwwermuer Sonndeg beim nationalen an europäesche Concours vun der Union Grand-Duc Adolphe. Dëse Concours ass fir déi jonk Museker eng Geleeënheet ze kucken, wou si musikalesch stinn an awer och eng Opportunitéit, nei Talenter z'entdecken an ze fërderen. De Guy Engels huet sech mam Direkter vun der UGDA-Museksschoul, dem Paul Scholer, iwwert de Concours ënnerhalen.