arrow_back_ios
Klassik aktuell
En Debut mat 88 Joer
Dëse Sonndeg, den 19. November kennt de Bernard Haitink op Lëtzebuerg a feiert mat 88 Joer säin Debut an der Philharmonie. Zesumme mam Chamber Orchestra of Europe, dem Bass-Bariton Hanno Müller-Brachmann an der Sopranistin Anna Lucia Richter interpretéiert hien dem Wolfgang Amadeus Mozart seng 36. Sinfonie an Extraiten aus dem Gustav Mahler sengem Liederzyklus "Des Knaben Wunderhorn".