CD-Klassik
Symphonië vum Bohuslav Martinu
De Bohuslav Martinu huet seng sechs Symphonien am amerikaneschen Exil geschriwwen, wäit ewech vun allen europäeschen Aflëss a Schoulen. Ausser den Ukläng un d'Volleksmusek aus senger tschechescher Heemecht an Jazz-Elementer aus dem amerikaneschen Ëmfeld, geet de Martinu ganz fräi mat senger Musekssprooch ëm. Eng Fräiheet, déi de Cornelius Meister an där neier Integrale besonnesch ënnersträicht. Den CD-Tipp mam Remy Franck.