D'LSAP preparéiert sech sou lues op d'Chamberwahlen. Hënt huet sech d'Partei zu enger Zort Motivatiouns-Treffe versammelt
D'Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun AMMD kritiséiert d'Aart a Weis, wéi de Gesetzprojet iwwert de Spidolsplang d'lescht Woch eng zweete Kéier amendéiert gouf
Wann d'Lëtzebuerger muer géife wiele goen, da géif d'CSV stäerkste Partei. Dat geet aus engem Sondage vum Ifop fir d'Tageblatt ervir
23 EU-Länner hu sech gëschter zu Bréissel dozou engagéiert, militäresch méi enk zesummenzeschaffen
Gouf et eng schwaarz Kees op der däitscher Ambassade zu Paräis? Déi Fro stellt sech, nodeems de franséische "Le Monde" gemellt hat, déi däitsch Ambassade zu Paräis hätt jorelaang Suen un hir Mataarbechter ausbezuelt, ouni dat beim franséische Fisc ze deklaréieren
Nom Äerdbiewen mat méi wéi 400 Doudesaffer tëscht dem Iran an dem Nordirak, huet den Iran fir haut eng Staatstrauer deklaréiert
Et ass eng Sensatioun, Italien konnt hënt kee Goal géint Schwede markéieren, an ass domat net bei de Futtball-Weltmeeschterschaften a Russland mat derbäi.