CD-Klassik
Eng souverän Leeschtung
1819 kënnt den Editeur Anton Diabelli op d'Iddi, bekannte Komponisten ze froen, Variatiounen iwwert ee Walzer-Thema ze schreiwen, déi hien, den Diabelli, dann als Zyklus géif verëffentlechen. Den Diabelli hat natierlech och de Ludwig van Beethoven ugeschwat, dee sech awer séier vum Projet zréckgezunn huet a seng eegen 33 "Veränderungen über einen Walzer von Diabelli" komponéiert huet. Et ass eent vun de ganz grousse Wierker an der Pianosliteratur. Fachleit vergläichen et gäre mam Bach senge "Goldberg-Variatiounen". Elo huet de Filippo Gorini dem Beethoven säi Meeschterwierk opgeholl.