Klassik aktuell
De grujelegen Dr. Caligari
"Das Cabinet des Dr. Caligari" ass e Kultfilm, e Musterbeispill fir den Expressionismus. Eng Partie Komponisten hate sech deemools un der Filmmusek bedeelegt. 2014 gouf am Kader vun der Première vun der digitaler Versioun an der Berliner Philharmonie eng nei Filmmusek gespillt. Den Owend (14.11.2017) gëtt am Kader vum Festival Rainy Days an der Philharmonie eng Projektioun vum Stommfilm gewise mat enger neier Musek vum éisträichesche Komponist Wolfgang Mitterer, eng gemeinsam Commande vun der Philharmonie an der Casa da Musica vu Porto.