arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Ein deutsches, frühromantisches Sandwich"
Dëse Sonndeg, den 19. November, kennt den Orchestre Philharmonique Royal de Liège op Ettelbréck an de Centre des Arts Pluriels. Um Programm stinn zwou Ouverturë vum Otto Nicolai a vum Pjotr Tschaikowsky an dem Robert Schumann seng bekannt drëtt Sinfonie. De Luc Boentges huet mam Chefdirigent Christian Arming iwwert de Programm an den Orchester geschwat.