Eng kontrovers Diskussioun gouf et de Mëtteg an der Chamber, no enger Interpellatioun vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser iwwert d'Meenungsfräiheet
Spire Global, eng Firma, déi kleng Satellitte baut, installéiert sech zu Lëtzebuerg. 250 Aarbechtsplaze sollen an den nächste Joren hei am Land entstoen. De Staat investéiert ronn 25 Milliounen Euro an de Betrib a Fuerschungsprojeten
Et gëtt vill nozehuelen am Beräich vun der nohalteger Entwécklung fir d'Regierung, sot de Moien de Mouvement écologique
Déi gesetzlech geregelt Ëffnungszäiten am Commerce kéinten, ënnert bestëmmte Konditiounen, ewech falen, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider
D'EU-Parlament wëllt e Rechtsstaat-Verfahre géint Polen preparéieren
Am Simbabwe ass de Kampf ëm d'Successioun vum President Robert Mugabe eskaléiert. D'Arméi huet d'Kontroll am Land iwwerholl
Déi renomméiert franséisch Ethnologin an Anthropologin Françoise Héritier ass dout