arrow_back_ios
Klassik aktuell
Nei Kreatioun vum Catherine Kontz
De Madrigal ass eng wichteg musikalesch Gesangsform aus der Renaissance an dem Fréibarock. Ënnert dem Titel Italian Madrigal Book gräift de Festival Rainy Days haut den Owend (16.11.2017) dës Form nees op. "Tout changer pour ne rien changer", heescht et an der Philharmonie an dat passt och zur Kreatioun vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz, déi den Owend hir Uropféierung huet. D'Catherine Kontz ass beim Manuel Ribeiro am Studio.