arrow_back_ios
Klassik aktuell
Wéi e grousse Steen an der Loft
Am Kader vum Rainy Days Festival an der Philharmonie bréngt den Orchestre Philharmonique du Luxembourg dëse Freideg (17.1.2017) der Chaya Czernowin hiert neistent Wierk op d'Bühn: den Celloconcerto "Guardian". Wat bedeit deen Titel? Wéi kéint een d'Musek am beschte beschreiwen? Wéi geet d'Chaya Czernowin beim Komponéiere vir? De Luc Boentges huet bei der Komponistin nogefrot.