Panorama
Panorama
Een Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an de Poste vun engem Kommissär fir d'Sprooch solle mam Gesetzprojet geschaaft ginn, deen den Educatiounsminister an de Kulturstaatssekretär haut presentéiert hunn
D'Chamber huet sech haut mam Tëschebilan iwwert d'Aarbechtsgruppen zum Rapport vum US-Fuerscher Jeremy Rifkin iwwert déi sougenannt drëtt industriell Revolutioun befaasst, do gouf d'Fro vum qualitative Wuesstem opgeworf
Ee vu fënnef Awunner hei am Land wéisst net, wéi eng Symptomer op Kriibs kënnen hindeiten, d'Fondation Cancer weist sech besuergt
25 Länner hu sech haut zu enger Anti-Kuelen-Allianz zesummegeschloss, dorënner och Lëtzebuerg
Den Europäesche Rechnungshaff reprochéiert der EU-Kommissioun Feeler an der Griicheland-Kris
De Chef vun der Oppositioun am Simbabwe Morgan Tsvangirai fuerdert de Récktrëtt vum President Robert Mugabe an Neiwahlen
Op en Neits hunn Organisatioune vun de Vereenten Natiounen virun enger Hongersnout am Jemen gewarnt
De Schrëftsteller Sergio Ramírez aus dem Nicaragua ass dëst Joer de Laureat vum Cervantes-Präis.