Panorama
Panorama
D'Regierung verlängert déi reduzéiert Besteierung vu Plus-valuen op Immobilieverkeef ëm ee Joer
Um EU-Sommet zu Göteborg gouf gëschter eng Deklaratioun iwwert sozial Rechter ënnerschriwwen, fir datt dëst keen eidelt Versprieche bleift, fuerdert den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker Engagement vun de Memberlänner
No massive Protester vun Naturschützer huet den US-President Donald Trump d'Erlaabnis fir den Import vun Trophäe vu Jeeër vu Grousswëld nees op Äis geluecht
Den Emmanuel Macron empfänkt haut de fréiere libanesesche Premierminister Saad Hariri.
Op der Weltklimakonferenz zu Bonn si sech an der Nuecht, no laangen Diskussiounen hannert zouenen Dieren, déi 195 Staaten a wichtege Finanzfroen eens ginn
Russland huet gëschter e Veto géint eng Verlängerung vun den Enquêten iwwert den Asaz vu chemesche Waffen a Syrien ageluecht
Äerdbiewen am Tibet an am Ecuador, bis ewell keng Informatiounen iwwert Blesséierter.