Panorama
Panorama
Haut de Moien ass d'Weltklimakonferenz zu Bonn op en Enn sangen. D'Lëtzebuerger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg zitt en éischter positive Bilan a kënnegt eng Kooperatioun mam Schwäizer Pionéier a Saachen erneierbar Energien, Bertrand Piccard, un
De franséische Regierungsspriecher Christophe Castaner ass neie Chef vu La République en marche, der Partei vum President Emmanuel Macron
Am Simbabwe hunn haut dausende Mënschen bei Demonstratiounen de Récktrëtt vum President Robert Mugabe gefuerdert
De franséische President Emmanuel Macron empfänkt haut de fréiere libanesesche Premierminister Saad Hariri. Virun zwou Wochen hat den Hariri iwwerraschend säi Récktrëtt annoncéiert an domat eng politesch Kris am Libanon ausgeléist
Russland huet gëschter, fir déi 2. Kéier bannent 24 Stonnen, e Veto géint eng Verlängerung vun den Enquêten iwwert den Asaz vu chemesche Waffen a Syrien ageluecht
De gemeinsame Budget vun der EU gëtt ëm 14,1 Prozent, op am Ganzen 144,7 Milliarden Euro, erhéicht.