CD-Klassik
Frei aber einsam
"Frei aber einsam" - fir den agefleeschte Jonggesell Johannes Brahms war de fräie Kënschtler dacks ee Kënschtler, deen eleng ass. Dobäi konnt de Brahms sech nu wierklech net iwwer Frëndschaften bekloen, a grad déi sougenannten "F.A.E"-Sonat - de Kierzel vum Brahms-Motto - ass eng Gemeinschaftsproduktioun mam Albert Dietrich a Robert Schumann, fir de Gebuertsdag vum bedeitende Geiist Joseph Joachim. De Pianist Matthias Kirschnereit huet sech de Motto "Frei aber einsam" elo zu eege gemaach fir nei Brahms-Enregistrementer.